Home Foto-Galerie Links Historique Archiv Kontakt
31.08.2014 / Coupe de Luxembourg: 1. Tour: Young Boys Dikrech vs. Jeunesse Biwer 5-0 (0-0)     E gudden Start an di nei Saison gouf et gëschter an der éischter Ronn vun der Coupe géint d’Jeunesse vu Biwer. Di éischt Halbzeit gouf allerdéngs vu béiden Equipen op déiwem Niveau gespillt, an et war souguer  1-2 mol dem Jon ze verdanken, datt d’Jongen net 1-0 a Réckstand gerode sinn.   Di zweet Halbzeit huet aus Dikrecher Sicht allerdéngs ee Prädikat verdéngt: Stark! D’Young Boys hunn  d’Heft an d’Hand geholl an de Ball iwwert di zweet 45 Minutten gutt zirkuléiere gelooss. Biwer koum zwar  nach di eng oder aner Kéier virun de Gol, dat awer ouni geféierlechen Ofschloss. Et war dunn den  Chinedu deen aus gutt 16 Meter aus der Dréiung di éischte Kéier annetze konnt. Kuerz drop konnt den  Miles per Noschoss géint säin ale Veräin op 2-0 erhéigen. No engem gudde Konter taucht dunn de Ben  alleng virum géigneresche Gol op an huet kee Krämpes den 3-0 ze marquéieren. Een Handelefter duerch  den Ivan, deen sech domat als zweeten Neizougang konnt an d’Gollëscht androen, an e wonnerbare  Schlänzer vum Nelson aus gutt 20 Meter hunn den 5-0 Endstand hiergestallt.   D’Championnat fänkt en Mëttwoch um 19:30 zu Kolmer un.  *****