CovidCheck @ Stade Municipal

CovidCheck @ Stade Municipal

Léif Supporter a Gäscht, 
 
Heimat deele mir iech, dass och mir eis Heem Matcher um Stade Municipal ënner de Regimm vum CovidCheck ausdroen an dat vun dësem Weekend un fir eis Damen an Herren!
 
Hei déi wichtegst Infoen:
 
- kommt w.e.g. frei op de Match fir eventuell Retarde bei der Entrée ze vermeiden, 
 
- wéi um Bild erkennbar ass, ass d'Entrée nëmmen erlaabt mat Impf-Certificat, Erëm-Gesond Certificat, PCR-Test Certificat, Zertifiéierten Antigène-Schnelltest oder de Schnelltest/Selbsttest op der Plaz, 
 
- mir stellen allerdéngs keng gratis Tester zur Verfügung.
 
Dir kënnt natierlech gären ären eegene Schnelltest matbréngen oder bei eis ee fir 3€ kafen. 
 
De Schnelltest muss da sur place ënner der Opsicht vun engem Comitésmember gemaach ginn.
 
#gielablo 💛💙
#zesummen 💛💙
#heiassdikrech 💛💙