Di Biase verlängert fir 2 Saisons
05 April 2021
News beim FCM Young Boys Diekirch
Léif Supporter, heimat deele mir iech mat, dass eise Coach fir 2 wéider Saisons verlängert huet.
No engem gudde Start an d’Saison, ass de Championnat leider ënnerbrach an elo annuléiert ginn duerch d'Pandemie.
Souwuel de Fred, wéi mir, leeën immens vill Wäert op eis Jugend an doduerch hu mir zesummen entscheet fir laangfristeg ze plangen.
Eise Coach huet ganz fréi schonn ee grousst Engagement gewisen a mir si frou fir déi nächst Saisons mat dir zielen ze kenne Fred!
#gielablo
#zesummen
#dibiaseassgielablo