Ech sinn een Dikrecher


01 October 2020

Eise Michael Pinto Mica gouf fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp nominéiert!

De Mica weess vu wou en hierkennt an huet dëst och bei der Presentatioun betount: Ech sinn een Dikrecher!

De ganze Veräin ass immens frou fir dech Mica.

Dem Mica seng Fussballkarriere huet bei eis am Veräin ugefaangen, wou heen dunn spéider op den FC Metz an vun do aus op den Sporting C.P. gewiesselt ass.

Recreativo de Huelva, União da Madeira, Belenenses Lissabon an Fortuna Sittard ware weider Veräiner wou de Mica ënner Vertrag stoung. Elo spillt de Mica beim Sparta Rotterdam!

 
Bonne Chance Mica! Du weess bei eis bass du ëmmer doheem!
 
#zesummen
#gielablo 
#echsinneendikrecher