F.C.M. Young Boys Diekirch an Trauer
Et ass mat schweierem Häerzen, datt mir den Doud vum Pit Weis matdeelen.
Den F.C.M. Young Boys Dikrech ass an Trauer.
De Pit hale mir als Legend vum Veräin an Erënnerung. Hien huet all Statioune matgemaach, als Spiller, Kapitän, Trainer, Comitésmember a President. Hie war bekannt fir säi grousst Engagement. Ëmmer an iwerall, wou de VeraÂin hie gebraucht huet, war hien am Asaz. De Pit war ee richtege Verainsmensch an ee grousst Beispill fir d‘Léift zu eisem Club.
Merci Pit!
An der Geschicht vun de Young Boys bass du ganz dacks ëremzefannen a mir wäerten dech ni vergiessen.