Saison 2022/2023


31 May 2022

Léif Supporter,

haut präsentéiere mir Iech eisen éischten Transfert fir déi kommend Saison an der Sauerstad vir, nämlech den Nelson Baldé!

Den Nelson huet seng Jugend ënner anerem bei Benfica a Belenenses verbruecht a war fir d‘lescht bei Estrela de Amadora B am Asaz!

Den Nelson huet déi lescht Woche scho zu Dikrich trainéiert an Bekanntschaft mat eise Spiller gemaach.

Wéi den Zoufall et wollt, huet den Nelson hei zu Dikrich den Edi, säi Kolleeg aus der Kandheet, erëm getraff.

Wëllkomm Nelson ab elo
Bass och du gielablo