Saison 2022-2023


22 May 2023

Léif Supporter,
 
D’Saison ass gëschter zu Enn gange bei de Senioren an soumat och eis Zesummenaarbecht mat beiden Traineren - Flavio Videira an Elton Delgado.
 
Beim Elton wëlle mir eis gäer bedanke  fir déi verschiddenste Rollen, wou hien bei eis am Veräin hat all déi Joeren (Damentrainer, Sportsdirektor bei den Damen, 2. Ekipps Trainer bei de Senioren an zu gudder lescht Co-Trainer bei de Senioren). Beim Flavio bedanke mir eis och fir seng Aarbecht an der Jugend an dës Saison bei der 1. Ekipp.
 
Deenen 2 wënschen mir bonne chance fir d'Zukunft.
 
Weider Infoen iwwert dei nächst Saison kritt dir deemnächst matgedeelt.
 
#gielablo