Welcome new head coach + staff


24 May 2022

Léif Supporter,
Heimat stelle mir Iech de néien Trainer an säi Staff fir déi kommend Saison vir.
Den neien Trainer ass keen anere wéi de Flavio Videira, assistéiert vu sengem Co-Trainer Elton Delgado a Goalkeeper-Trainer Sergio Lima!
D‘Entscheedung ass relativ einfach gefall am Comité, well mir d‘Qualitéite vum neien Trainer a sengem Staff kennen.
De Flavio ass aktuell, zesumme mam Lino Cunha an Hernani Carvalho, nach Trainer vun eisem Groupe Juniors/Cadets an alle 3 stinn an zwou Wochen an der Final vu der Coupe des Cadets!
Dem Flavio seng gudd Aarbecht ass eis natierlech net entgaangen a mir hunn eis decidéiert Leit aus dem Haus eis 1. Ekipp unzevertrauen.
Flavio, dir an dengem Staff, wënsche mir nëmmen dat bescht, well däi Succès ass och eise Succès!