Saison 2022-2023

22nd May 2023

club logo

FCM Young Boys Diekirch


Léif Supporter,

D’Saison ass gëschter zu Enn gange bei de Senioren an soumat och eis Zesummenaarbecht mat beiden Traineren - Flavio Videira an Elton Delgado.

Beim Elton wëlle mir eis gäer bedanke fir déi verschiddenste Rollen, wou hien bei eis am Veräin hat all déi Joeren (Damentrainer, Sportsdirektor bei den Damen, 2. Ekipps Trainer bei de Senioren an zu gudder lescht Co-Trainer bei de Senioren). Beim Flavio bedanke mir eis och fir seng Aarbecht an der Jugend an dës Saison bei der 1. Ekipp.

Deenen 2 wënschen mir bonne chance fir d'Zukunft.

Weider Infoen iwwert dei nächst Saison kritt dir deemnächst matgedeelt.

#gielablo