Wëllkomm Lino

23 April 2021
Léif Supporter
News aus der Ieselstad
Mir präsentéieren iech heimadder den Adelino Cunha, oder ganz kuerz Lino Cunha, deen eise Staff vun de Seniors 1 als Co-Trainer verstäerkt!
De Lino an eise Coach kennen sech säit laangem.
Zesummen hunn se am Joer 2019 den Doublé bei der Jeunesse Esch (Juniors) geholl an duerno op der US Esch zesumme geschafft. De Lino war d'lescht Joer nach bei der US Esch als Juniors Trainer am Asaz an huet elo, genau wéi eise Coach, fir zwou Saison bei eis ënnerschriwwen.
Wëllkomm Lino an ab elo
bass och du #gielablo
#gielablo
#zesummen
#linoassgielablo