News Dammen

News Dammen

Léif Supporter,


Heimat informéiere mir iech, dass eisen Elton Delgado, aus private Grënn als Dammen Trainer zeréck trëtt. Op dësem Wee wëlle mir gären dem Elton ee grousse Merci ausdrécke fir déi 6 Jar, wou en Cheftrainer bei onsem Dammen war.
Den Elton huet sou ze soe ganz ënnen ugefaange mat eisen Dammen an huet eis bis erop an 1. Dammen Liga bruecht an och am Indoor d‘Finalen erreecht.

Den Elton ass mat Responsabel fir d‘Evolution vum Dammefussball hei zu Dikrech a war nach ëmmer ee wichtege Mann am Veräin: ëmmer gehollef wou Nout um Mann war.
Elton dir ee grousse Merci am Numm vum Comité vum F.C.M. Young Boys Dikrech fir däin Engagement all déi Jär a mir wëssen, dass de weiderhi mam Veräin verbonne bleifs.

#gielablo 
#zesummen 
#heiassdikrech