Geschicht vun da Grënnung vum Veräin

Den 21 September 1908, ass den F.C.M. Young Boys Dikrech gegrënnt ginn. 
 
Den Veräin presentéiert sech Haut als ee vun den historeschste Fussballveräiner zu Lëtzebuerg.
 
Mat 113 Joer ass den F.C.M. Young Boys Dikrech een vun den eelste Fussballveräiner zu Lëtzebuerg an dorop ass d'Stad Dikrech och houfreg drop. 
 
D'Idée dësen Veräin ze grënnen ass den 35 Grënnungsmemberen am Café Schumacher op der Esplanade komm. Deemols gouf den Veräin "FC Diekirch" genannt. 
 
Den Grennungspresident war den Här August Schneider. 
 
Am Februar 1909 gouf den Veräin awer schon an "FC Young Boys" ëmbenannt. 
 
Den Veräin ass 1916, 1950 an 1978 an d'National Divisioun gestigen. 
 
2009, ass den Veräin no langer Zait nees an d'Eirepromotioun gestigen. 
 
Säit da Saison 2019/2020, spillt den F.C.M. Young Boys Dikrech an da 1 Divisioun. 
 
Bekannt fir seng jonk Equipe probéiert den Veräin sech op Dikrecher Jugend ze konzentréiren an opzebauen. 
 
#gielablo 
#zesummen 
#heiassdikrech